Ale Moart
Inclusive Gift Shop and Food Lounge with home made sandwiches, ethical, fair and sustainable food and gifts.
16/09/2026
✨ Dës Woch bei eis am Ale Moart ✨
Mir sinn Donneschdes a Freides ganz normal fir Iech op. 😊
Wéinst der Nuit des Lampions gëtt et dës zwee Deeg an e Méinden awer keen Take Away.
Dofir fannt Dir eis op der Nuit des Lampions mat engem klenge Stand: mir freeën eis, Iech och do ze gesinn! 🏮✨
🥖 Brout, Kuch a Viennoiserien kritt Dir natierlech weiderhin wéi gewinnt bei eis am Ale Moart.
🍽️ Den Take Away ass ab Dënschdeg nees zeréck.
Kommt laanscht – entweder bei eis am Ale Moart oder dëse Weekend op der Nuit des Lampions. 💛
14/09/2026
Mir krute vill neit Geméis vum Kiischpelter Geméisgaart 🍅 🥒
11/09/2026
🌿🫒 E klenge Bléck an eis Regaler am Ale Moart… 😋
Bei eis fannt Dir eng flott Auswiel u gudde Produiten fir Är Kichen: vun Oliven an Olivenueleg iwwer Artischocken-Crème, Bruschetta a Moschter bis bei Tomatenzoossen, Ratatouille, Bolognese Vegeteriana an nach villes méi. 🍅🫙✨
Perfekt fir en einfachen Aperitif, eng séier Pasta oder fir Är Kichen doheem mat e puer gudde mediterrane Goûten opzefëllen. 🥖🍝💚
Kommt am Ale Moart zu Wooltz laanscht a loosst Iech e bëssen inspiréieren! 🛒😊
07/09/2026
Genéiss e gudde Kaffi, e leckere Sandwich, e Stéck Kuch oder eng Taart, e frësche Croissant oder e pain au chocolat. 😋
Vill dovu gëtt bei eis mat Léift hausgemaach. 💛
Kommt laanscht, maacht et iech gemittlech a loosst Iech e bëssen verwinnen. ✨
03/09/2026
Am Ale Moart kanns de dech och einfach mol hänken loosen! 🌼 🌱
Plüsch vun Fondation Autisme.
02/09/2026
Mir krute schéin Keramik eran vun eise Frënn aus dem Keramikatelier vun der Fondation Autisme. 🌞
31/08/2026
Vill nei Produkter fir ze entdecken am Ale Moart. 💐 🌱 🥘
27/08/2026
🥪🥗 Eisen TAKEAWAY ass erëm do! 🎉
Dës Woch kënnt Dir Iech am Ale Moart nees op eis Sandwiches, Bowls an aner lecker Saache fir de Mëtteg freeën. 😋💛
Einfach bis 10:00 Auer online bestellen, an ab Mëtteg steet Är Bestellung bei eis am Ale Moart prett. 🛍️✨
🥪 Lecker Sandwiches
🥗 Frësch Bowls
🍴 Einfach bestellen, ofhuelen a genéissen!
👉 Hei kënnt Dir direkt bestellen:
Ale Moart Takeaway bestellen
https://www.ale-moart.lu/menu-take-away
Mir freeën eis, Iech dës Woch nees am Ale Moart ze gesinn! 💚👋
24/08/2026
🥪🍞🥐 Gutt Noriicht am Ale Moart: vu muer un ass nees alles do! 🎉
Eisen Takeaway kënnt zeréck, an och d’Gruberbäckerei liwwert nees frëscht Brout a lecker Viennoiserien. 😋✨
Ab muer fannt Dir also erëm bei eis: 🥪 frëschen Takeaway 🍞 Brout vun der Gruberbäckerei 🥐 Croissanten 🍫 Pain au chocolat ✨ an aner lecker Viennoiserien
Kommt laanscht a profitéiert vun der frëscher Auswiel! 💛🛒
17/08/2026
🥐🍞 Klengen Reminder fir dës Woch am Ale Moart!
D’Gruberbäckerei ass nach am Congé a liwwert dës Woch nach kee Brout a keng Mëtschen un den Ale Moart. 🌴😎
Mee mir hunn natierlech Alternativen fir Iech! 💛
Bei eis fannt Dir:
🥐 gebakene Croissanten
🥖 Bréidecher
🍫 Pain au chocolat
🍞 an och Aufback-Brout fir doheem
📅 D’Produkter vun der Gruberbäckerei sinn erëm vum 25. August un do!
Bis dohinner: kommt laanscht a profitéiert vun eiser klenger Alternativ-Auswiel. 🛒✨
Cliquez ici pour obtenir votre annonce sponsorisée.
Catégorie
Contacter l'entreprise
Téléphone
Site Web
Adresse
Grand Rue 13
Wiltz
WILTZ
Heures d'ouverture
| Lundi | 09:00 - 18:00 |
| Mardi | 09:00 - 18:00 |
| Mercredi | 09:00 - 18:00 |
| Jeudi | 09:00 - 18:00 |
| Vendredi | 09:00 - 18:00 |
Notifications
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ale Moart publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.